|
D'Couren sin op fir jiddfereen, egal
op jonk oder aal. Dëss Couren hellefen an der Schoul, beim Antrett
(zeréck) an d'Berufsliewen, oder déngen einfach och
als Weiderbildung fir Privatleit.
D'Couren gin am Saal
vum CompuClub vun 1-2 Instrukteren gehaalen. Pro Cours kennen
mer maximal 8 Léit ophuelen (déi eischt sin vier), déi
dann och en Computer mat Internetaccés zu Verfügung kréien
mat dem se praktesch Exercicen kennen machen.
Jiddfereen den matmecht kritt zum Schluss
en Diplom an en Heft, wou alles waat am Cours behandelt gouf, nach
eemol dransteet.
Ons Couren:
Computer fir Ufänger:
En Cours vir Léit déi
nach nie mat engem Computer geschafft hun. Héi léiert
een waat een mat engem Computer kann machen, wéi een en Programm
oder Apparaten installéiert an domadden schafft.
Internet vir Ufänger:
Dësen Cours ass vir Léit
déi schon bessen mat engem Computer geschafft hun mee nach
nie am Internet waren resp. déi net wessen wéi een eng
E-Mail verscheckt. Ausserdem kritt een gewisen waat een nach mam Internet
kann machen.
Word vir Ufänger (Textveraarbeschtung):
An dësem Cours léiert een
einfach Texter, Dokumenter, Formularen asw. um Computer ze schreiwen
an ze erstellen. Zum Schluss huet een en Basiswëssen vir Paragraphen
ze setzen, verschieden Schrëften ze benotzen an ze veränneren
an nach vill anner wichteg Sachen déi een sou am Aldaag um
Büro an doheem brauch. Natierlech sin vir dësen Cours minimal
Computer- resp. Windowskenntnisser erfuerdert.
Excel vir Ufänger (Tabellenkalkulatioun):
Programm vir Comptabilitéit
an Berrechnungen innerhalb vun Tabellen ze machen oder och nemmen
Tabellen mat Text vir den allgemengen Gebrauch. Héi léiert
een Tabellen ze erstellen an ze formatéieren. Zousätzlech
mescht een verschieden Berechnungen mat den Werter aus der Tabelle.
Natierlech sin vir dësen Cours minimal Computer- resp. Windowskenntnisser
erfuerdert, Word net onbedéngt.
Ons
Couren bestin aus 5 Séancen vun je 2 Stonnen
déi emmer Mëttwochs vun 19 - 21 Auer gehaalen gin.
|
Programm:
| wéint
dem Embau vun onsem Saal sin den Moment keng Couren virgesin |
Praisser (vir déi 5 Séancen):
Erwuessener: |
90 €* |
Memberen: |
80 €* |
Kanner an Jugendlecher bis 20 Joër: |
70 €* |
*) d'Benotzen vum
Internet, Dokumentationen, Gedrenks asw. sin am Praiss abegraff
|