Home | Guestbook | Impressum
HEADLINES:  

Home
» IT-News
» Agenda
» Néi um Site
Club
» Wien sin mir?
» Onsen Clubsaal
» Ons Partner
» Member gin
» Comité
» Fotogallerie
» Statuten
» Internt Réglement
Services
» Internet Cyberstuff
» 
Online Gaming
» Computer Couren
» Computer Helpdesk
» Computer Know How
» Downloads
» Links
Fun
» Biller & Fotoën
» Videoën
» Sound & Musék
» 
Flash Animatiounen
» Online Games
Kontakt
» Feedback
» Sekretariat
» Comptabilitéit
» Webmaster

Statuten vum Verein

1. Grënnung:

De Veräin ass den 3. Abrëll 1999 vun sechs Persounen gegrënnt gin an dréit den Numm “CompuClub Mutfert-Méidéng”.


2. Sëtz

De Sëtz vum Veräin ass: Administration communale de Contern
  4, place de la Mairie
  L-5310 Contern

3. Zweck:

D’Gesellschaft an d’Frëndschaft ënnert de Memberen ze favoriséieren an den Emgang mam Computer ze verbesseren.


4. Obnahm an Austrëtt vun de Memberen:

4.1) Wien als neien Member dem Veräin bäitrieden wëll, muss eng Demande un de Comité maachen.

4.2) De Comité décidéiert iwwert eng provisoresch Obnahm an de Veräin.

4.3) Offiziell gëtt de neien Member an der nächster Generalversammlung obgeholl.

4.4) De betreffenden Member as vun dann un obligéiert d’Cotisatioun vun der Memberskaart un d’Veräinskees ze bezuelen an d’Statuten vum Veräin ze respektéieren.

4.5) Trëtt e Member aus dem Veräin aus sin all seng Rechter an Obligatiounen vis-à-vis vum Veräin opgeléist.


5. Cotisatioun vun de Memberskaarten:

5.1) D’Cotisatioun vun der aktiver Memberskaart kann nemmen an enger extraordinärer Generalversammlung nei gestëmmt gin.

5.2) D’Cotisatioun vun der inaktiver Memberskaart kann nëmmen an enger extraordinärer Generalversammlung nei gestëmmt gin.

5.3) D’Cotisatioun vun der Éierememberskaart kann nëmmen an enger extraordinärer Generalversammlung nei gestëmmt gin.


6. Comité:

6.1) D’Leedung vum Veräin läit an den Hänn vu sengem Comité.

6.2) De Comité besteht minimal aus 4, a maximal aus 7 Comitésmemberen.

6.3) De Comité besteht aus engem President, engem Sekretär, engem Caissier an sengen Bäisëtzenden.

6.4) Wann genuch Comitésmemberen bereet sin kann all chargéierten Posten säin Adjoint kréien.

6.5) Vir Comitésmember ze gin muss ee méi laang wéi ee Joër Member vum Veräin sin.

6.6) Den halwen Deel vun den Comitésmemberen gin all Joër an enger extraordinärer Generalversammlung nei gewielt, sou dass all eenzelnen Comitésmember all zwee Joër nei gewielt gëtt.

6.7) Nëmmen daat eischt Joër gëtt den halwen Deel durch d’Lous ermëttelt oder vu fräiwëlleg zerëck triedende Comitésmemberen bestëmmt. Vun dann un ass ët al Joër den aaneren Deel.

6.8) Déi chargéiert Comitésposten, wéi Président, Vice-Président, Sekretär, Sekretär-Adjoint, Caissier a Caissier-Adjoint mussen vun Persounen besaat sin déi méi wéi 18 Joër hun.

6.9) Déi chargéiert Posten gin innerhalb vum gewielten Comité gewielt.

6.10) Bei enger gerueder Zuel u Comitésmemberen zielt am Fall vun enger Ofstëmmung dem Président seng Stëmm zweemol.


7. Opléisung vum Veréin:

7.1) Esoulaang méi wéi fënnef Memberen géint eng Opléisung vum Veräin sin, bleift den Veräin bestoën.

7.2) Bei enger Opléisung vum Veräin fällt d’Kapital vum Veräin un vierdrun gestëmmten ONGen.


8. Generalversammlung:

8.1) Eng extraordinär Generalversammlung gët opmannst eemol am Joër durch den Comité aberuff (am eischten Quartal vun all Kalennerjoër).

8.2) D’Generalversammlung ass nemmen dann beschlossfäheg wann opmannst d’Majoritéit vun den aktiven Memberen präsent ass.

8.3) Sollt d’Majoritéit nët präsent sin, gëtt eng nei Generalversammlung maximal ee Mount duerno anberuff. Hei muss opmannst een drëtten Deel vun den aktiven Memberen präsent sin.


9. Veréinsverméigen:

9.1) D’Veräinsverméigen besteht aus folgenden Gelder:

- Erléis vun den Veräinsaktivitéiten
- Offiziell Ënnerstëtzungsgelder
- Erléis vun den Memberskaarten
- Fräiwëlleg Don-en
- Zënsen

9.2) D’Veräinsverméigen muss permanent op engem Geldinstitut déponéiert sin an/oder an enger Keess.

9.3) D’Geld an der Keess därf maximal en Wäert vun 250 € hun.

9.4) D’Veräinsverméigen gëtt virun der Generalversammlung vun zwee Keessenrevisoren kontrolléiert.

9.5) D’Keessenrevisoren därfen keng Comitésmemberen sin an net mat engem Comitésmember liéiert sin.

9.6) D’Keessen vun den Aktivitéiten mussen vum Caissier zesummen mat zwee Memberen, déi nët mam Caissier liéiert sin, gezielt an schrëftlech festgehaalen gin.


10. Veréinsmatérial:

10.1) Aktiv Memberen kënnen gratis vum Veräinsmaterial profitéieren.

10.2) Inaktiv-, Nét- an Éierememberen kennen durch eng vum Comité festgesaaten Cotisatioun vum Veräinsmaterial profitéieren.

10.3) Jiddereen huet d’Veräinsmaterial propper ze hannerlossen.

10.4) Bei eventuellen Schied, déi mutwëlleg provozéiert goufen, kënnt den Veräin nët dofir op.


11. Ännerung vun den Statuten:

Eng Ännerung vun dësen Statuten kann nëmmen an enger extraordinärer Generalversammlung geschéien.

 

Mutfert, den 4. Dezember 2002

 



Mailing List
Mellt Iech un vir onsen Newsletter.

WebMAIL

Username:

Password:

More Links
Ons Partner
  © Copyright CompuClub Mutfert-Méidéng a.s.b.l. 1999-2007